18 Jan 2012

Bing

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An dësem aussergewéinleche schéinen an originelle Geschäft fannt dir Kleeder fir Dammen, Hären a Kanner déi vun Designer vun hei entworf goufen. Flott farweg Kleeder, Schlappen aus ëkologeschem Lieder, op der Plaz entworf a bedréckten Tshirten an Hoodies, Lettragen an Autocollants, Walltattooen, de Choix bei Bing ass wirklech ganz grouss.

D’Dekoratioun vum Buttek ass och der Wäert gekuckt ze ginn. All Frigidaire ginn als Kleederschief genotzt. Ausserdeem gëtt Bing jonke Lëtzebuerger Artisten d’Méiglechkeet hier Wierker am Buttek auszestellen.

Good Idea : Gitt ären aalen a futtise T-shirten een neit Liewen. Bei Bing kënnt dir vum "Pimp my Shirt" Service. Är al T-shirte gi gefleckt, an Flecken oder Lächer verschwannen ënner flotten Applicatiounen. Esou kritt der ee ganz neien T-Shirt.

Bing


27, cité Pierre Krier
L-4177 Esch-sur-Alzette

 +352 26 53 26 73

 bing@pt.lu
 Vun Dënschdes bis Freides vun 10.00 bis 12.00 an vun 13.30 bis 17.15 Auer. Méindes an samschdes op rendez-vous. An der Schoulvakanz moies zou.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché