06 Oct 2012

Brigitte von Boch

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Geschicht vum Label Brigitte von Boch huet 1998 ugefaangen. Ganz am Stil vun der Familljentraditioun a mat der Visioun vun enger zäitgenëssescher Lifestyle-Mark virun Aen huet den Oliver von Boch de Betrib gegrënnt, deen senger Mamm hiren Numm dréit. “Brigitte von Boch” bréngt en Hauch vu romanteschem Landliewen an d’Stad.

Dat breet Sortiment geet vun Dammemoud iwwer Accessoiren (eng grouss Auswiel u Bijouen!), Dekoartikelen an alles fir e schéinen Dësch bis zu klenge Miwwelstécker. Duerch “Countrystyle” op där enger Säit grad wéi duerch Produite mat exoteschem Touch op där anerer Säit gëtt d’Sortiment vun “Brigitte von Boch” zu enger richteger Mine vu gudden Iddien, fir aus dem Alldag eppes Spezielles ze maachen.

Wien Iddie ronderëm d’Wunnen a Lifstyle wëll mat heem huelen, kann dat mat de Brigitte von Boch-Bicher maachen, z.B. mat der Zäitschrëft “Living”. Brigitte von Boch ass iwwregens e Betrib aus eiser Groussregioun, um Linslerhof am Dräilännereck tëschent Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg geleeën.

Good Idea : Handwierklech Perfektioun, eng zäitgenëssesch Formesprooch an aktuell Faarwe prägen d'Kollektioun vu Brigitte von Boch!

Brigitte von Boch


19, rue Louvigny
L-1946 Luxembourg

 +352 26 20 26 10

 shopluxemburg@brigittevonboch.de
 
 Méindes vun 14.00 bis 18.00 Auer. Denschdes bis samschdes vun 10.00 bis 18.00 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché