24 Dec 2015

Collection of Style…

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Den Numm ass Programm: D’Mark “COS” (Collection of Style) huet Enn  November 2015 an der Stad e Geschäft opgemaach a presentéiert op 440 m² Verkafsfläch déi  neiste Kollektioune fir Si an Hien. Dass COS zum H&M-Grupp gehéiert, wierkt sech an zwee wichtege Punkten aus: e super, absolut ugesotenen Design an e gudde Qualitéits-Präisrapport. Dir kritt do natierlech och eng ganz Partie Accessoiren, dorënner z.B. déi grad ganz modern üppeg Halsketten.

Alles gëtt an engem ganz harmoneschen, hellen Ëmfeld presentéiert, skandinavesch inspiréiert Loungemiwwele suerge fir déi néideg Entspanung beim Shoppen. Déi aktuell Hierscht-Wanterkollektioun prresentéiert sech iwwregens an Naturtéin, dozou frësch Faarwen a fléissent Stëfter. E puer vun deenen ausgefalene Kleedungsstécker loossen sech perfekt mat méi dezente kombinéieren. Méi “Style” geet net!

Good Idea : Hei kënnt Dir Äre Kleederschaf moudesch opfrëschen, ouni Iech ze ruinéieren!

COS


6, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché