23 May 2014

Cool “Minett”-Moud aus dem Lëtzebuerger Süden

vun Sebastian | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Elo geet et un d’Substanz – op d’mannst kulturell. Wann een un de Minett denkt, da kommen engem gär verschidde méi oder manner frëndlech Ausdréck an de Kapp. Mee eent ass sécher: De Minett huet Kultcharakter.

Net ouni Grond war dofir déi éischt Kreatioun vun “Knätsch” e grousse Succès: en T-Shirt mat der Opschrëft “Du bass am Minett BITCH”. An der Tëschenzäit ginn dës T-Shirten an och aner Kleedungsstécker am Minett op Qualitéitskotteng gedréckt … ganz dacks an Zesummenaarbecht mat Kënschtler, awer och op Ufro.

Good Idea : Verschidde Produite kann ee personaliséieren, z.B. mam eegene Gebuertsjoer.
Et soll näischt verbëtzt ginn. Dofir gëtt nëmmen op Commande produzéiert. Geliwwert gëtt awer trotzdem spéitstens no fënnef Deeg.
Bestellt Är Minett-Moud am Online-Shop vu Knätsch.
Kreéiert a gedréckt am Lëtzebuerger Süden: Fir Minettsdäpp en absolutte Must, fir all déi aner ganz stylesch!

Knätsch




 +352 621 798 904

 info@knaetsch.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché