29 Jun 2015

Dänesch a portugisesch Moud treffen sech zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Aus ganz ënnerschiddleche Regioune koume se virun e puer Joer op Lëtzebuerg an hunn iwwert de Wee vun der Moud zesummefonnt: d’Katrine Olsen vu Kopenhagen an Dänemark an d’Filipa Felner vu Cascais a Portugal. Hir Boutique huet hinnen hir Originnen am Numm: “Cascais Copenhagen”.

Hiert Sortiment vereenegt dänesch a portugisesch Marken, puristesch nordeschen a verspillte südlänneschen Design. D’Kannergezei vun der dänescher Mark “Wheat” zum Beispill ass extrem komfortabel ze droen an einfach ze fleegen. Fir Teenager an Erwuessener eegnen sech z.B. Kleeder vun der portugisescher Mark “Vintage Bazaar”. Wat besonnesch ass: D’Kollektioun ännert all 2 Wochen, all Stéck gëtt et nëmmen eemol an och nëmmen an enger Gréisst!

Op der Facebook-Säit fannt Dir déi aktuell Offer u Marken, well déi zwou Geschäftsfrae sinn ëmmer op der Sich no neie Produiten. Do gitt Der och d’Datume fir speziell Evenementer gewuer. Wann Der d’Katrine an d’Filipa gär besiche gitt, da schellt bei ArtRooms a gitt bis op de véierte Stack vum Haus an der Neier Avenue.

Good Idea : Bei Cascais Copenhagen steet de perséinleche Kontakt am Vierdergrond: Kommt einfach op eng Taass Kaffi laanscht a léiert d'Katrine an d'Filipa an hir Marke kennen.

Cascais Copenhagen


48, avenue de la Liberté
L-1930 Luxembourg

 +352 691 358 343

 c2clux@gmail.com
 Mëttwochs vun 12 bis 16 Auer. Samschdes vun 14 bis 18 Auer. Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché