24 Nov 2014

Den Hervé Léger ka gutt schmeechelen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Opgepasst Dir Dammen: Den Designer Hervé Léger setzt Är Silhouette sou an Zeen, dass Iech ëmmer an iwwerall e stilsécheren Optrëtt garantéiert ass! Mat senge Bandeauskleeder schmeechelt den Hervé all Kierper: Betount gëtt, wat soll – verstoppt gëtt, wat muss!

Zënter 2012 bitt déi Mark hir elegant a feminin Kreatiounen an enger eegener Boutique an der Groussgaass an der Uewerstad un. Et muss een d’Kleeder scho selwer undoen, fir sech vun der Wierkung ze iwwerzeegen, also sidd net schei! Fir all Figur gëtt et e Bandeauskleed, dat de Kierper optimal ëmwéckelt an all seng schéi Säite betount.

Iwwerzeegt Iech dach selwer vun Äre Model-Qualitéiten a verspreet och Dir en Hauch vu Glamour! Fir den Dag mam Hervé Léger gëtt et zum Beispill dat klengt Schwaarzt a senger braver Versioun, oder Spëtzekleeder a kräftege Faarftéin wéi Rout oder Blo. Fir d’Nuecht mam Hervé Léger fannt Dir eenzegaarteg Roben, mat Pärelen an dekorativen Elementer, déi all d’Blécker op sech zéien! Accessoirë wéi Rimmer, Poschen oder Kappbedeckunge completéieren de Look.

Good Idea : Fir eng Silhouette wéi no engem Fitness-Programm mat engem perséinlechen Trainer: Probéiert am beschten déi nei Kollektioun aus!

Hervé Léger


79, Grand Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 26 27 09 62

 herve-leger.luxembourg@bcbg.eu
 
 Méindes bis freides vun 9.30 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché