14 Oct 2015

Eleganz op Franséisch

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Loosst eis mol fir d’éischt eng kleng Zäitrees maachen an d’Moud vun de 50er a 60er Joren. D’Dammemoud war deemools ganz raffinéiert an elegant. De Serge Cajfinger huet dëse moudesche Geescht bäibehal, en awer der haiteger Zäit ugepasst. D’Gezei vun der Mark “Paule Ka” erënnert och haut nach u Stilikone wéi d’Jackie Kennedy, d’Audrey Hepburn an d’Grace Kelly: Sachlech Eleganz, ëmmer kombinéiert mat enger gewëssener Raffiness.

Mat Paule Ka maacht Dir dagsiwwer an owes eng gutt Figur. Besonnesch gefalen eis Kleeder, déi mat engem grousse Putsch (an ënnerschiddleche Faarfvarianten) dekoréiert sinn – dorun erkennt een d’Mark erëm. Komplettéiert Ären Outfit mat enger schéiner Liederposch, déi Dir a villen Trendfaarwe kritt. Ausserdeem fannt Dir bei Paule Ka Schong a Bijouen. Daucht an an eng Welt vun de 60er Joren – den Design vum Geschäft hëlleft dobäi!

Good Idea : Den nächsten Owend gehéiert Iech… mat den elegante Kleeder vun der "Black Carpet"-Kollektioun. Si ginn Iech an engem spezielle Beräich vum Geschäft presentéiert.

Paule Ka


87, Grand Rue
L-1661 Luxembourg

 +352 28 22 50 36

 boutique.luxembourg@pauleka.com
 Méindes vun 10.30 bis 18.30 Auer. Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché