18 Oct 2016

Endlech fonnt! Dee wierkleche Schatz vu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Bis 1985 war et e Männerprisong, haut gehéiert se zu de pittoreskste Plaze vun der Stad:  D’Abtei Neimënster an haut Kulturzentrum Neimënster am Gronn. An deem Sall, wou d’Prisonnéier fréier all hir Saachen hu missen ofginn, ass haut eent vun den authenteschste Geschäfter aus der Stad.

“Hei ass Poesie dran”, schwäermt d’Aline Demangel vun der Abtei-Boutique. Wéi Recht si huet … Hei fannt Dir  déi ënnerschiddlechst Produiten aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. D’Aline ass houfreg op hir Auswiel u lokale Wueren – mol kreativ, raffinéiert, mol nëtzlech, praktesch oder einfach nëmme schéin: Moud vun diversen Designer a Marken, praktesch Souveniren (Schneidbrieder, Dicher, …) op deenen Nationalsymboler wéi d’Gëlle Fra an de Roude Léiw graphesch verschafft sinn, signéiert Serigraphië vu Lëtzebuerger Kënschtler, kleng Skulpturen, Bijouen, Bicher mat Bezuch zu Lëtzebuerg, vill ausgefale (Konscht) Postkaarten an net zulescht Filmer an CDe mat Kultur “Made in Luxembourg”.

An dës Boutique geet ee virun allem, wann een nach net konkret weess, wat ee kafe wëll. D’Plaz, de Raum, d’Sortiment an d’Berodung ginn Iech all Grond, Iech hei e bëssen Zäit ze loossen, fir Lëtzebuerg aus wierklech ganz anere Perspektiven ze gesinn. Klengen Tipp zum Schluss: Op der Plaz ginn et kaum Parkgeleeënheeten, notzt dofir besser d’Parkhaus vum “Saint Esprit” a fuert mam Lift erof an de Gronn, oder d’Parking „Brasserie“.

Good Idea : E ganz besonnesche Produit ass den "Nektar vum Melusina", produzéiert aus dem Hunneg vun de Beien, déi ee ganz no bäi op där anerer Säit vun der Uelzecht fënnt.
Dëst inoffiziellt Lëtzebuerg-Haus ass eng richteg Minn, fir lokal Produiten ze fannen.

Boutique Neimënster


28, rue Münster
L-2160 Luxembourg

 +352 26 20 52 975

 aline.demangel@neimenster.lu
 
 Denschdes bis sonndes vun 12 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché