24 Mar 2016

Energiegeluede Moud

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ënnert dem Markennumm “vol(t)age” designen zwou Lëtzebuergerinne wandelbar, elegant a praktesch 24/7 Luxusbasics. An der neier schicker Boutique net wäit vun der Avenue de la Liberté an der Stad kënnt Dir den Designerinnen iwwert d’Schëller kucken an natierlech déi ganz Kollektioun live erliewen.

D’Kreatiounen, virun allem d’Schaler (d'”vol(t)age v-necks”), déi an der Tëschenzäit schonn zimlech bekannt sinn, nennen déi zwou Schwësteren “accessoires à porter” oder “electric basics”, well se ganz am Géigesaz zu puristesche Basics designet goufen, fir déi ganz Garderobe wéi elektresch opzelueden. Coquette avertie, Animalistic nuptials, Wander woman, Paradise found, Libertine éclairée, dat sinn e puer Nimm vun de Stécker a si stinn ëmmer fir positiv geluede Moud.

Dës Accessoiren aus edele Materialie peppen den zäitgeméisse Basis-Look op, deen et iwwreges och bei vol(t)age ze kafe gëtt (z.B. Kaschmir Pulloveren). Den Numm vum Boutique-Patchwork-Label “vol(t)age” ass iwwregens eng Wuertspillerei mat de franséische Wierder “volage” (liicht a wandelbar) an “voltage” (elektriséierend).

Good Idea : Dräi aussergewéinlech Produite sollt Dir Iech (nieft de Schalen) am neie Geschäft ukucken: den eegene Parfum "Eau électrique", déi reversibel Posche vun der Paräisser Mark "Le Facette" grad wéi eng ganz stylesch Reejackett, de vol(t)age "raincoat in a bag".
Bestellt d'"vol(t)age"-Wuer am eegenen Online-Shop. Dir kënnt mat der Kreditkaart an och iwwer Paypal bezuelen.
Déi schick Schaler an déi handgemaachten aner Accessoiren (Turbanen, Mutzen) hunn de Label "Made in Luxembourg". Awer och déi aner Kreatioune vun der Mark vol(t)age ginn am eegenen Atelier designet.

vol(t)age


26, Rue Michel Welter
L-2730 Luxembourg

 +352 26 18 75 79

 contact@vol-t-age.com
 
 Méindes a samschdes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis freides vun 11 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché