27 Jan 2014

Héichwäertegt Bëbeesgezei “designed in Luxembourg”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Fir déi Kleng nëmmen dat Bescht: “Nuvola Baby” ass e ganz jonke Spross an der Lëtzebuerger Moudebranche a kleet Bëbeeën tëschent 0 an 2 Joer mat sengen extra duusse Kreatiounen an.

Déi zwou Designerinnen Isabelle a Runa entwerfe Strampelboxen & Co., an deenen sech déi Kleng ronderëm wuel fillen: enk Borden a Kollien z.B. si passé. Als Materialie ginn nëmmen extrem duusse Kotteng aus Peru an Alpaca-, Merino- a Cashmerewoll benotzt!

Produzéiert gëtt bei verschiddene Fournisseuren an der ganzer Welt, ë.a. an Italien, Portugal, Peru grad wéi an engem Fairtrade-Atelier a Bolivien, wou d’Employéë fir hir Handaarbecht e faire Loun bezuelt kréien. Op déi Manéier freet sech net nëmmen Ären Nowuess.

Good Idea : De "Cloud of Love"-Projet ënnerstëtzt Kanner an der Nout: Fir ee Body, deen Dir kaaft, gëtt ee gespent.
Produzéiert gëtt och an engem Fairtrade-Atelier a Bolivien.
De Wuer ginn iwwer en eegenen Onlineshop verkaaft.
Héichwäerteg Bëbeeskleedung an d’Accessoiren “designed in Luxembourg”.

Nuvola Baby




 +352 621 753 333

 runa@nuvolababy.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché