03 Dec 2012

Honey\Mustard

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hunneg a Moschtert sinn net nëmmen eng perfekt Kombinatioun, wann et ëm Zalotenzooss geet. Dat beweisen op d’mannst d’Proprietairen vun Extrabold, déi net wäit vum Palais an der Stad hiert neit Geschäft „Honey\Mustard“ opgemaach hunn. Do fënnt een eng perfekt Mëschung aus Location, Offer a Service. Urbane Chic fir jonk, dynamesch an trendorientéiert Leit – dat schmaacht eis!

Skandinavesche Flair iwwerall: vill Wäiss, vill Holz an déi bescht skandinavesch Marke fir Mann a Fra (Tiger of Sweden, Norse Project, Filippa K, SamsoeSamsoe, Vagabond etc.). Alles cool an ausserdeem immens sympathesch. Ob éischter e schicken oder relaxe Stil – bei Honey\Mustard kritt Dir gutt Wuer zu verstännege Präisser.

Good Idea : Déi nei nordesch Delikatess vu Lëtzebuerg: Honey\Mustard bitt smarte skandinaveschen Design fir Är Garderobe.

Honey\Mustard


11, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg

 +352 26 20 06 09

 
 Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

  • Stone: 2013-02-08 18:25:36
    This is a lovely little store with unique, stylish clothes at great value - especially when you compare it to other shops in central Luxembourg, which are either super expensive boutiques, or massive chains. The service is also pretty good.
Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché