13 Jun 2014

Huelt Iech Är “Melusina” heem!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wie sech mat der Lëtzbuerger Kultur beschäftegt, stéisst iergendwann eng Kéier op d'”Melusina”, eng Schéinheet aus enger Seechen, déi – op d’mannst mol der Legend no – ganz enk mat der Geschicht vu Lëtzebuerg verbonnen ass.

Är ganz perséinlech Melusina kritt Dir bei “POPUP Studio”: Dëse Lëtzebuerger Kreativatelier verschafft d’Legend als stoffte Popp mol mat neie Materialie mol mat gebrauchte Stëfter, déi d’Cliente matbréngen. Ausserdeem gëtt et bei POPUP Studio Gezei an Accessoirë fir Puppelcher, grad wéi Petzien an Dekoratiounsartikelen, all ganz gewëssenhaft a mat engem héijen Usproch op Qualitéit hiergestallt.

Wann Der elo op de Goût komm sidd, da kënnt Der d’Produiten am Online-Shop kafen, oder och “offline” bei Ben&Pepper am Garer Quartier.

Good Idea : Hei fannt Der dee perfekte Kaddo aus Lëtzebuerg: d'Seechefigur "Melusina" als séiss stofte Popp.
De POPUP Studio verschafft och gebrauchte Materialien.
Am Online-Shop vum POPUP Studio kritt Dir all déi  Produiten, déi grad op Stock sinn.
All d'Produite ginn zu Lëtzebuerg vum POPUP Studio entworf a produzéiert.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché