27 Nov 2015

Individuell Kappbedeckunge fir Si an Hien

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Sief et fir de moudesche Fräizäitlook oder de stilsécheren Optrëtt owes, sief et e strenge Berri oder e liichte Panamahutt – “Modes Nita” an der Stad ass zënter 1969 déi Adress fir all méiglech Hitt!

Opgedeelt no Mann oder Fra, Saison an Occasioun gitt Dir kompetent beroden an dat bis hi bei déi ganz individuell Kappbedeckung. Well Modes Nita verkeeft net nëmmen Hitt, mee stellt se och hier. Ee Stack méi héich entstinn déi op der Hand gemaachte Kappbedeckungen.  Stëmmt Hutt a Kleed openeen of, ergänzt mat enger magnéitescher Brosch oder enger klenger Posch. Op der Plaz hutt Dir de Choix vu verschiddene Modeller.

Iwwregens kënne bal all d’Hitt an Zäit vun 2 Woche gemaach ginn. Da kënnt Dir souguer bei spontanen Invitatiounen stilsécher optrieden. Ausserdeem waren Hitt scho laang net méi sou a Moud wéi haut!

Good Idea : Stellt Ären eegenen Hutt aus Filz oder Stréi hier: Am Kader vun engem véierdeelege Workshop weisen Iech zwee Experten, wéi et geet.  D'Datume fannt Dir op der Facebook-Säit vu Modes Nita.
Hei entstinn exklusiv Hitt, handgemaach!

Modes Nita


13, rue Louvigny
L-1946 Luxembourg

 +352 22 49 95

 modesnita@gmx.net
 
 Méindes vun 14 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • CHANTAL rieke: 2016-11-08 17:37:54
    Bonjour j aimerai beaucoup faire un chapeau en léopard brun pour commencer
    puis je avoir les heures jours et prix pour cet apprentissage Merci CHANTAL
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché