03 Mar 2015

Lo gëtt et relax: Dot Iech “lofteg” un!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Vill Siichtbëtong, markant schwaarz Kabelen op helle Maueren, waarm Faarwen duerch d’Beliichtung an d’Miwwelen … “Loft design by” heescht dat “loftegt” Geschäft an der Uewerstad.

Als “lëfteg” kéint een och d’Presentatioun vun de Wueren nennen: vill Fläch, wéineg Kleedungsstécker (fir Si an Hien), deelweis ganz demonstrativ an Zeen gesat. Traut Iech awer roueg, fir e bësse Wirbel ze suergen a Pulloveren, Hiemer oder Boxen unzemoossen!

“Loft design by” bitt héichwäerteg Moud, déi awer vum Präis hier acceptabel bleift (Wie vum Butteksdesign op iwwerdeiert Produite schléisst, iert sech zum Gléck!). Éischter lässeg Couppen, dezent Faarwen, agreabel beim Droen- ganz “lofteg” eben!

Good Idea : Och wann Dir doheem net an engem Loft wunnt, kënnt Der Iech hei kleede wéi wann … schwéier ze beschreiwen, mee et passt. Dezent a lässeg trëfft et vläicht am beschten…

LOFT design by…


82, Grand Rue
L-1660 Luxembourg

 +352 26 20 03 35

 
 Méindes bis freides vun 9.30 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 9 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché