25 Mar 2014

Lokal Produiten online akafen

vun Sebastian | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Lokales ass IN… an dat net ouni Grond: Déi Produite gi quasi “virun der Dier” konzipéiert a produzéiert – do weess een, wat een huet. An déi nei Internetsäit Yourshop.lu weess, wien eppes Lokales ze verkafen huet. Déi jonk Lëtzebuerger Mina an Thierry Nicola kombinéieren déi klassesch Handelsform vun der Direktvermaartung mat neister Technologie.

Op der méisproocheger Onlineplattform fannt Dir z.b. Bijouen a Gezei vu Kreative vun hei, Recycling vu Wueren, ausserdeem awer och Secondhand-Produiten, déi zum Deel gratis ugebuede ginn. Nohaltegkeet gëtt bei Yourshop.lu grouss geschriwwen!

Good Idea : Dir géift gär Är eege Produite verkafen? En eegenen "Shop" ass séier ageriicht a kascht an der Basisvariant näischt.
Nohaltegkeet gëtt bei Yourshop.lu grouss geschriwwen!
Lokal Produiten akafen a verkafen.
Dir fannt z.b. Bijouen a Gezei vu Kreative vun hei.

Yourshop.lu




 +352 691 319 730

 info@yourshop.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché