01 Sep 2015

Londoner Moud zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

E ganz feminine Stil a gutt verschafften Detailer maache Gezei, Accessoiren a Schong vun „Karen Millen“ zu engem „Muss“ fir déi trendorientéiert Fra. Bis elo konnt een déi Londoner Moudemark nëmmen an enger Boutique an der Galerie Auchan fannen, elo gëtt et awer zënter e puer Méint och e Geschäft an der Philippsgaass an der Stad.

D‘Karen Millen gesäit sech selwer als Luxusmark zu verstännege Präisser… Dat ze jugéieren iwwerloosse mer natierlech Iech selwer. Grousse Plus: Dir kritt dank der breeder Offer super Komplett-Outfitten. Vu Kapp bis zu Fouss wéi aus engem Goss – net zulescht, well all d’Stécker am eegenen Atelier op der Hand gemaach ginn. Nëmme sou léisst sech deen héije Perfektiounsgrad garantéieren.

Good Idea : An dëser neier Boutique kritt Dir ganz trendeg Moud, déi Woch fir Woch an d’Geschäft geliwwert gëtt. Dat gëllt och fir d‘“Capsule“-Kollektioun fir feierlech Occasiounen.

Karen Millen


34, rue Notre Dame
L-2240 Luxembourg

 +352 24 61 84 53

 kmcity@oroluk.com
 
 Méindes bis freides vun 9.30 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 9 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché