30 Mar 2014

Made in Lux

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass kleng, mee fir vill Leit dach awer ganz grouss: Lëtzebuerg! Fir dat auszedrécken, gëtt et eng nei Moudemark mam Numm “Made in Lux”. D’Begeeschterung fir d’Land fënnt sech an all de Produiten op eng ganz subtil an elegant Manéier erëm.

Déi Lëtzebuerger Identitéit léisst sech also raffinéiert iwwert d’Moud ausdrécken. Egal, ob een do gebuer an houfreg op säi Land ass, oder ob een do op Besuch ass an e flotte Souvenir u Lëtzebuerg wëll mat heemhuelen, “Made in Lux” offréiert eng kreativ Alternative zu Pabeiersfändelcher, Tasen a Co.! An Zukunft kënnt, ofhängeg vum Succès, och nach Kannergezei bei d’Kollektioun derbäi.

Good Idea : Kuckt Iech z.B. mol déi aktuell Polo-Kollektioun un: déi charakteristesch Form vu Lëtzebuerg ass hei zum Logo ginn!
Lëtzebuerg huet Iech et ugedoen? Dann ass et un der Zäit, dass Dir Lëtzebuerg mat dëser Moudemark wuertwiertlech undot!
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché