D’Boutique Marthe Weydert ass eng Lëtzebuerger Institutioun, wat italienesch Moud ubelaangt. Zënter méi wéi 50 Joer ass den italienesche Chic hei doheem.
Et fënnt een hei exklusiv Dammemoud mat engem spezielle Fokus op Cachemire. Dobäi kommen nach verschidde Moudenaccessoiren a Schong grad ewéi Parfume vun der italienescher Mark Santa Maria Novella.
An der Boutique Weydert kaaft Dir an engem modernen Ambiente an, ouni op d’Kompetenz vun engem Traditiounshaus verzichten ze mussen.








Méindes vun 13.30 bis 18.00 Auer, an vun denschdes bis samschdes vun 9.30 bis 18.00 Auer. 



