09 Feb 2016

Mat Tipps vum Profi entspaant bei d’Dramkleed

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

D’Stëpp fléien, de Schampes fléisst. Eng jonk Damm kënnt hannert der Riddo vun enger geraimeger Kabinn eraus. D’Gäscht klappen an d’Hänn… Nee, dat ass nach keng Hochzäit, mee de Moment vun der Kleederwiel bei “Bliss Bridal”!

Well jo um Hochzäitsdag näischt soll schifgoen an alles passe muss, ass eng gutt Virbereedung den A an den O. Trotz dësem latenten Drock soll Sech-Bestueden awer vum éischte Moment u mol virun allem Spaass maachen. Dovu sinn op d’mannst d’Shoreh an d’Nika vun “Bliss Bridal” iwwerzeegt. An dëser schicker Boutique an der Louvignysstrooss an der Stad fannt Dir Kleeder vu renomméiereten Designer, déi alles sinn, just net klassesch: Jenny Packham, Yolancris, Charlie Brear, Rosa Clarà … fir nëmmen e puer vun de Markennimm ze nennen. Se zeechnen sech all duerch agreabel Materialien a Schnëtter aus, déi garantéieren, dass een als Braut dee schéinsten Dag vum Liewe mat Liichtegkeet genéisse kann.

Um Wee dohinner begleeden d’Shoreh an d’Nika hir Clienteë mat enger kompletter an duerchaus éierlecher Berodung. Wat d’Kleeder ugeet, fannen ausserdeem och d’Hochzäitsgäscht bei Bliss Bridal hiert Gléck. Am Geschäft fannt Dir vill elegant Oweskleeder, déi (wéi och d’Brautkleeder) all op Mooss bestallt an dann ugepasst ginn!

Good Idea : Bei Bliss Bridal gëtt de Kaf vum Brautkleed zum Erliefnis a mécht garantéiert Loscht drop, sech ze bestueden!

Bliss Bridal


18, rue Louvigny
L-1946 Luxembourg

 +352 26 20 37 77
 +352 28 22 52 06

 info@blissbridal.lu
 
 Denschdes op Rendez-vous. Mëttwochs bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché