08 Aug 2011

Mim’z

vun Mim'z | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Matten an der Stad, direkt beim Halt vum City Shopping Bus, ass de flotte Buttek “Mim’z”. Ee Buttek op zwou Etagen deen sech op Moud aus dem Beräich vum Polosport spézialiséiert huet. Mim’z ass ee gemittleche Buttek mat holze Biedem, Dieren an Trapen vun iwwer 300 Joer. D’Gebäi war mol fréier ee Postkutschen halt. Haut steet Mim’z fir de Päerdsport an d’Moud déi een dofir undeet.

Dir fannt do déi wichtegst Marken déi mat desem Reitsport vergonne sinn wéi : Scapa, Scapa Sports, La Martina, Blue Industry a Tish&Cash. D’Männerkollektioun ass firun allem sportlesch, während fir d’Damen och méi klassescht Gezei, wéi zum Beispill Tailleuren ugebueden ginn.

Good Idea : Trefft « Mim'z » op hierem Stand op de grousse Jumpingen hei am Land a kaaft do eng Paerdsdecken oder ee Halfter fir äert Paerd.

Mim'z


22, rue Beaumont
L-1219 Luxembourg

 +352 22 81 55
 +352 24 17 35

 info@mimz.lu
 
 Méindes vun 12 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 9.30 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché