19 Oct 2015

Moud am Bohemian Style

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ursprénglech staamt d’Mark “American Vintage” vu Marseille a Südfrankräich; si gouf do 2005 gegrënnt an ass elo mat engem neie Geschäft matzen an der Stad vertrueden. Schicke Bohemian Style (keng Angscht, wann, dann nëmme wéineg Allusiounen op d’Hippies-Zäit), ganz natierlech elegant, oppen an zäitlos.

Fraen a Männer fannen hei Klassiker wéi T-Shirten, Pulloveren, Hiemer, mee och méi ausgefalen Exemplaren, déi duerch raffinéiert Couppen a Motiver erausstiechen. Besonnesch interessant ass, dass een einfach gehale Kleedungsstécker wonnerbar mat deem engen oder anere méi spezielle Stéck kombinéiere kann. En trendorientéierte Look ass garantéiert! Poschen a Schale maachen d’Offer komplett.

Am Moment feiert d’Mark hiren zéngte Gebuertsdag a presentéiert Iech Produite vu verschiddene klengen Hiersteller aus Südfrankräich: Käerzen, Seefen, Bijouen, Kichenaccessoiren, mee och Ënnerwäsch vun der Mark “Le Slip Français”. Dir gesitt, et lount sech, bei American Vintage laanschtzegoen!

Good Idea : Kombinéiert einfach gehale Kleedungsstécker mat ausgefalenen a creéiert Äre Look à la American Vintage!

American Vintage


67, Grand Rue
L-1671 Luxembourg

 +352 27 99 79 54

 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché