05 May 2015

Moudesch Unikater ouni Kompromesser

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Alles huet ugefaang mat enger klenger privater Vente zu Suessem. Duerno ass d’Jael Curiel an d’Stad geplënnert, wou si am September 2012 eng Mark mat hirem Numm lancéiert huet an 2013 hiert eegent Geschäft opgemaach huet. Haut léisst déi jonk Lëtzebuergerin ronn zwee Drëttel vun hire Kreatiounen op Wonsch vum Client, also op Mooss maachen – zënter Ufank 2014 iwwregens och fir Männer.

Der Jael Curiel hir Markenzeeche sinn eng konsequent éierlech (Stil)berodung, moudesch Schnëtt, héichwäerteg Stëfter an eng éischtklasseg Ausféierung. Fabrizéiert gëtt an engem eegenen Atelier a Portugal. Fir d’Damme bitt d’Jael Curiel praktesch déi ganz Gamm vu Gezei un, inklusiv Hochzäitskleeder an och Maroquineriesartikelen (Poschen).

Fir d’Häre sinn et Kostümer, Krawatten an Hiemer op Mooss.

Good Idea : Dir kënnt Ären eegene Stoft matbréngen an d'Jael verwandelt en a Gezei op Mooss! An nach e Geheimtipp: Vu Jael Curiel gëtt et och Aarbechtsgezei!
D'Jael Curiel huet sech nohalteg a sozialgerecht Produktioun op de Fändel geschriwwen.
Eenzel Kleedungsstécker ginn et och iwwer jaelcurie.com ze kafen.
D'Moud vum Jael Curiel gëtt zu Lëtzebuerg entworf.

Jael Curiel


34, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 +352 621 146 858

 jael@jaelcuriel.com
 
 Méindes op Rendez-vous. Denschdes bis freides vun 10.30 bis 18 Auer. Samschdes vun 14.30 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • JPH: 2015-07-21 10:04:16
    Personne hautaine... ça en dit long.
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché