08 Jun 2017

Nei Moud: Ethesch korrekt a verantwortungsvoll

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Dir interesséiert Iech fir Trends an der Moud, dot Iech gär modern, sportlech an urban un, wëllt dobäi awer net Är Prinzipie vun engem verantwortungsvolle Konsum iwwer Bord geheien? Den “Akabobuttek” kéint Äert neit Liiblingsgeschäft ginn: ökologesch, nohalteg, verantwortungsvoll – dat sinn déi dräi Stéchwierder, déi d’Konzept vum Geschäft beschreiwen.

Alles huet 2015 mam Akabobus ugefaangen (De Good-Idea-Artikel fannt Dir hei). Dee bloe Bus ass uechtert d’Land gefuer an ass an de Gemenge bei Clientë stoe bliwwen, déi dann direkt do akafe konnten. Mat dobäi war och Naturata mat senge Bioproduiten. Den Akabobus rullt nach ëmmer duerch Lëtzebuerg, mee dat Konzept huet mam Akabobuttek mëttlerweil och op der Stater Gare seng fest Plaz fonnt. Hei gëtt et eng gréisser Auswiel u Produiten: Jeans, Boxen, T-Shirten, Sweatshirten, Jacketten, Reen- a Wanterjacketten, Hitt, Mutzen.

Dir fannt do och eng ganz Partie Marken, déi soss néierens am Grand-Duché ugebuede ginn. Produzéiert ginn d’Kleedungsstécker iwwregens aus zertifizéierter Matière première: Fair Trade, Global Organic Textile Standard (GOTS) a contonea. Ob am Bus, am Geschäft oder op lokalen Evenementer – Akabo steet fir Moud, déi verantwortungsvolle kaaft gëtt.

Good Idea : Lässeg Moud, Bio-Qualitéit, waarm Faarwen, nohalteg produzéiert a verkaaft.
Akabobutek bedeit ëmweltbewosst Moudeshopping!

Akabobuttek


8, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg

 +352 661 801 259

 
 Méindes bis freides vun 10 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché