13 Jul 2017

Nohalteg gutt schlofen

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wa fairen an nohaltegen Handel Iech wichteg ass, da sidd Dir bei “Naturwelten” zu Bouneweeg op der richteger Adress. Hei këmmert ee sech besonnesch ëm Äre gudde Schlof. Egal ob Textilien, Bettgezei oder Miwwelen, bei “Naturwelten” passt ee bei alle Prozessschrëtter drop op, wéi ëmweltverdréiglech si sinn: vun der Produktioun iwwer den Transport bis bei de Verkaf. Déi ausgewielte Marke gi vu Labele mat strengen Oplagen zertifizéiert, wéi zum Beispill Naturtextil IVN, Global Organic, Textile Standard (GOTS) a fair for life.

“Naturwelten” gehéiert zu de Pionnéier vum nohaltegen Handel zu Lëtzebuerg. D’Geschäft gouf 1985 gegrënnt a bitt eng grouss Auswiel u Matrassen, Fiederbetter, Këssen a Bettgezei un. Handgeknäppten Teppecher a Massivholzmiwwele maachen d’Offer vun der Schlofzëmmerariichtung komplett. Fir Äert perséinlecht Wuelbefanne gëtt et hei och Pyjamaen, Sport-a Yogakleeder grad ewéi ätheresch Ueleger a Kosmetikproduiten.

Nieft dem Geschäft  zu Bouneweeg huet “Naturwelten” zënter kuerzem an der Géigend vun der Stater Gare en zweete Buttek – iwwregens net wäit ewech vun anere Geschäfter mat fairen an nohaltege Produiten an och veganen a Bio-Restauranten. Sou entwéckelt sech dëse Quartier ëmmer méi zu engem trendegen Hotspot, wat e moderne Liewensstil ubelaangt.

Good Idea : An dësem Geschäft kritt Dir dank dem strikten Nohaltegkeetshandel dat gutt Gewësse beim Shoppe gratis mat dobäi.
Naturwelten" fërdert de fairen Handel an ënnerstëtzt verschidden Entwécklungsprojeten an de Produktiounslänner.
Dir kënnt d'"Naturwelten"-Produiten online bestellen.

Naturwelten Wunnen & Schlofen


8, rue de Bonnevoie
L- 1260 Luxembourg

 +352 26 64 95 21

 info@naturwelten.bio
 
 Méindes bis freides vun 10 bis 18.30 Auer. Samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché