07 Jul 2015

Op Besuch bei der Stylistin Maddalena

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et war e schéinen Dag am Juni, d’Sonn huet mam Maddalena, bei deem mer op Besuch waren, ëm d’Wett gestraalt. Déi jonk Lëtzebuergerin ass Stylistin a schafft an der Moudewelt zënter 2014 ënnert dem Label “Manalenna”, eng Wuertmëschung aus hirem Virnumm an “mana”, wat aus der polynesescher Philosophie staamt a fir ënnerlech Kraaft a positiv Energie steet.

An hirer éischter Kollektioun setzt si op Mëschunge vu sportlechen a klassesche Couppe grad wéi op verschidde Materialien wéi 3D-Stëfter, Seid oder Neopren. Interessant sinn och déi kleng Detailer wéi Broderien oder Knäpp mat Markennimm. Produzéiert gëtt d’Gezei iwwregens an Italien. An der Mark “Manalena” stécht vill Perséinleches vun der Stylistin, well déi eenzel Kleedungsstécker hunn och Nimm vu Fraen, déi dem Maddalena wichteg sinn: Audrey, Valentina… vu klassesch an zäitgenëssesch bis hin zu elegant a blummeg.

Am Moment schafft d’Maddalena un hirer zweeter Kollektioun, dora sinn och zwee Kleedungsstécker, déi aus der Kooperatioun mat andere Createure entstan sinn: Mam Label “Mamie et Moi” a mam Lëtzebuerger Kënschtler Eric Mangen. De komplette Katalog fannt Dir op der Maddalena hirer Homepage. Gär presentéiert d’Maddalena hir Kollektioun och op Ufro am Kader vu klengen oder grousse Manifestatiounen.

Good Idea : Den 9. Juli stellt d'Maddalena hir nei Kollektioun am Kader vun enger Manifestatioun am Gronn bei Peppe Parola vir.
Dir kënnt Moud vum Maddalena online bestellen an heem liwwere lossen.
All d'Kleedungsstécker gi vum Maddalena an hirem Atelier an der Stad designed.

Manalena




 +33 (0)6 51 27 18 61

 contact@manalena.com
 
 Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché