De “Rackstore” zu Féitz steet fir dee “moderne Shopping-Tempel” mat engem ganz besonnesche Flair. Dat muss een erlieft hunn!
Op 5.200 m2, verdeelt iwwer 2 Stäck, modern a geraimeg, fannt Dir méi wéi 80 Marken. Dammen, Hären, Kanner – hei fënnt jiddereen eppes: Moud, Schong, Bijouen, Accessoiren an Ënnerwäsch, an dat an all Präiskategorie. An der Lëscht vun de Marke vum Rackstore fannt Dir ënner aneren déi heite Marken: Scotch&Soda, Hugo Boss, Armani a Calvin Klein.
Mat der Clientskaart (Carte de fidélité) kritt Dir fir en Akaf vu 400 Euro un en Akafsbong am Wäert vu 40 Euro. Erlieft selwer “Shopping à la Rackstore” a kommt laanscht zu Féitz! Parkproblemer gëtt et iwwregens keng, dofir suergt ënner anerem en ënnerierdesche Parking.







Méindes bis samschdes vun 10.00 bis 19.00 Auer. 



