04 May 2015

Raffinéiert a stylesch Produite fir eis Kleng

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wat onpraktesch u verstopptene Schätz ass, ass, dass een se fir d’éischt mol sichen a fanne muss. “Le Showroom” ass sou e verbuergene Schatz, deen an enger klenger Shopping-Galerie vis-à-vis vun der Spillplaz an der Kapuzinergaasss an der Stad läit. D’Carole Sallée bitt do ee mat vill Goût zesummegestalltent Sortiment u Produite fir Kanner tëscht 0 an 8 Joer un.

Fantastescht Spillgezei, Stoffhuesen a -mais, Gesellschaftsspiller an net zulescht och Kannergeschir vun der Mark “Rice”, dat wéinst sengem super Design awer och gär vun Erwuessene benotzt gëtt. Dat trëfft och op verschidden Dekoratiounsartikelen a Luuchten zou, erzielt eis d’Carole. Vill Produiten hu Cult-Potential.

Immens praktesch sinn och d’Kannerkutsche vun der Mark “BabyZen”, déi sech deels op d’Gréisst vun Handgepäck zesummeklappe loossen. Bei “Le Showroom” fannt Dir ausserdeem Better, Kommouden, kleng Dëscher a Still, déi zwar och an e Stot just fir Erwuessener géife passen, mee dofir dann awer definitiv ze kleng sinn.

Good Idea : Dir braucht Kaddoe fir Kanner? Hei fannt Dir, wat Dir braucht! Mee opgepasst: Vill Produite géif een am léifsten direkt selwer halen!
D'Produite vun der Londoner Mark "Little Butterfly" verwinnen d'Haut vum Bëbee mat Bio-Qualitéit.
An dësem Geschäft kritt Dir Kannerkostümer vun der Lëtzebuerger Mark "Pouce et compagnie".

Le Showroom


25, rue des Capucins
L-1313 Luxembourg

 +352 26 20 27 23

 contact@leshowroom.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché