19 Nov 2012

Scotch & Soda

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Viru kuerzem huet zu Lëtzebuerg dat éischt Scotch&Soda Geschäft opgemaach. Déi hollännesch Gab-Grupp sicht fir hir Butteker ëmmer e bëssen aussergewéinlech Plazen eraus. An dësem Fall hunn se eppes an der Rue des Bains an der Stad fonnt: Amplaz vu Costume a Krawatt ass an deem ale Bankgebai elo sportleche Chic ugesot.

Folgend Linne vun der Amsterdamer Mark ginn do ugebueden: Maison Scotch, Scotch & Soda, Scotch R’belle, Scotch Shrunk an Amsterdams Blauw, hir Jeans-Linn.

Hei bei Scotch&Soda kann déi ganz Famill an all Stiltyp eppes fannen. Daucht an an d’Welt vu Scotch&Soda: den Doft vum hauseegene Parfum Barfly, déi besonnesch Ambiance, d’Musek, d’Moudeberoder, déi professionell a sympathesch Styliste grad wéi natierlech déi topaktuell an trendeg Moudekollektioun.

Good Idea : Entdeckt d'Hierscht/Wanterkollektioun 2012: Paräisser Chic trëfft op New York Rock'n'Roll.

Scotch & Soda


17A, rue des Bains
L-1212 Luxembourg

 +352 20 88 20 27

 scotch-Luxembourg@gab.eu
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché