07 Nov 2013

Sentinel City

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et huet eppes Rebellesches: Dräi Lëtzebuerger Studenten, de Chris, de Lou an de Charel, loossen hirer Kreativitéit fräie Laf a grënnen hir eegen (fiktiv) Stad! “Sentinel City” heescht déi nei Destinatioun, déi d’Moudelandschaft vu Lëtzbuerg ëm en attraktiivt Zil beräichert.

Déi zweet Kollektioun vun der Streetwear-Mark ass grad erauskomm a presentéiert zousätzlech zu deene bis elo dräi T-Shirt-Designen och elo Hoodie Zipper, Sweater, Mutzen an Tank-Tops. D’Motiv gouf vun de Studente gréisstendeels selwer entworf. D’Textilien un sech – aus Naturmaterialien an ënner faire Konditioune produzéiert – stamen aus den USA, den Drock gëtt zu Lëtzebuerg gemaach.

Huelt Iech déi fiktiv Iddi vu Sentinel City an dat wierklecht Liewen: Déi dräi Lëtzebuerger verkafen hir Produiten op Festivallen a Manifestatioune grad wéi iwwer hir Internetsäit. Reegelméisseg Updatë ginn et och op Facebook.

Good Idea : Gitt Deel vu Sentinel City, Streetwear designed in Luxembourg!
D'Textilien un sech ginn aus Naturmaterialien an ënner faire Konditioune produzéiert.
Déi dräi Lëtzebuerger verkafen hir Produiten och iwwer hir Internetsäit.
D'Motiv gouf vun de Studente gréisstendeels selwer entworf. Den Drock gëtt zu Lëtzebuerg gemaach.

Sentinel City




 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché