22 Jul 2015

Sou schick, d’Tara!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Vill vun Iech (virun allem d’Dammen) wäerten d’Tara kennen – wuel net si perséinlech, mee d’Mark, déi déi gebierteg Kanadierin an d’Liewe geruff huet. Déi schéi Kleeder a grellem Giel, Rosa an Himmelblo hunn eis et besonnesch ugedoen, mee och soss kënnt am neie Geschäft vum Tara Jarmon an der Kapuzinergaass an der Stad eng summerlech Stëmmung op.

Op zwee Stäck fannt Dir do Dammegezei a verschidden Accessoiren, déi Äert Outfit perfekt maachen: Schong, Poschen, Bijouen … Modern Couppen a knalleg Faarwe fir déi aktiv Fra vun haut prägen am grousse Ganzen déi extrem feminin an elegant Kollektioun vun Tara Jarmon.

An domat spigelt d’Moud dat erëm, fir dat d’Moudeschëpferin selwer steet: Liewensfreed, Spontaneitéit an Offenhäerzegkeet. Wann Dir d’Tara also nach net kennt, da sollt Dir si séier kenne léieren!

Good Idea : Dir sidd op eng Hochzäit invitéiert a sicht nach no engem perfekten Outfit? An dësem Geschäft hutt Dir d'Qual vun der Wahl!

Tara Jarmon


4, rue des Capucins
L-1313 Luxembourg

 +352 28 48 02 06

 
 Méindes bis samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Di Lauro linda: 2015-08-15 08:08:03
    Tres jolie collection et bon acceuil dans la boutique à Luxembourg
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché