08 Sep 2014

Spuenesch Faarwefreed matzen an der Stad

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass wouer, dezent ass et net … Mee d’Fans vun der spuenescher Moudemark “Desigual” freet et bestëmmt, dass et zënter Summer 2014 e grousst Geschäft vun där Mark och zu Lëtzebuerg gëtt.

Matzen an der Stad kënnt Dir dat Desigual-typescht-Shopping-Erliefnes hunn: Kreativ Gestaltung vum Geschäft, Club-Musek a Moud, där een eppes sécher net virgeheie kann, nämlech dass se langweileg ass.

Déi charakteristesch Motiver spillen och an der Hierscht/Wanter-Kollektioun eng wichteg Roll … a Spuenien schéngt eben dach méi dacks d’Sonn wéi heiheem!

Good Idea : Fir Fans vu kreativer Butteksgestaltung ass e Besuch bei Desigual e Must … kuckt emol ënnert de Plafong! De Lëtzebuerger Shop-Design ass fonkelnei!

Desigual Luxembourg


13-17, Grand-Rue
L-1661 Luxembourg

 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché