01 Jun 2016

Stroossemaart 2016

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“Alles op d’Strooss!” Sou heescht den Opruff, virun deem e Samschdeg, den 4. Juni keng Posch, kee Kleed a kee Puer Schong verschount bleift. Op 300 Verkafsstänn fannt Dir an der Stad ugesote Markenartikel , zu onerhéiert erofgesatene Präisser. Scho moies fréi lafen d’Virbereedungen op Héichtouren, well lass geet d’Juegd op déi gutt Affairen um Punkt 8 Auer (bis 19 Auer).

D’Verkafsstänn zéien sech vum Stadzentrum bis an de Garer Quartier. D’Geschäftsleit aus der Stad stellen hir Stänn direkt virun hirem Geschäft op. Dobäi kommen nach Commercante vun ausserhalb.

Fir datt Dir kee Stress bei der Sich no enger Parkplaz hutt, kënnt Dir wéi gewinnt de City Shopping Bus vum Glacis an d’Stad huelen. Ze recommandéiere sinn och d’P&R-Plazen Beggen, Bouillon, Kockelscheier a Lëtzebuerg-Süd.

Stroossemaart 2016


Place d'Armes
Luxembourg

 
 4. Juni 2016 vun 8 bis 19 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché