10 Jul 2014

Thematesch Kannergebuertsdeeg “aus der Box”

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

An der Nuecht virum Kannergebuertsdag ass kaum u Schlof ze denken. Déi Kleng schlofe vun Opreegung net, déi Grouss maache wuel wéinst dem Organisatiounsstress keen A zou.

Mee Stopp…Op d’manns t deene Grousse ka gehollef ginn: “Party in a box” heescht d’Konzept aus Lëtzebuerg, dat deene Klengen eng onvergiesslech Gebuertsdagsfeier garantéiert a mat deem déi Grouss kee Stress hunn an Zäit spueren. Et lount een einfach Këschten (“Boxen”), an deenen alles dran ass, wat ee fir eng gelonge Kannerparty brauch.

Jee no Alter vum Grupp (3-5 a 6-9 Joer) kann een tëschent verschiddenen Themen auswielen, z.B. “Zorro&Flamenco”, “Prinzessinnen & Ritter” oder “Weltall”. Dëst Konzept huet net nëmme beim Kannergebuertsdag grousse Succès, mee passt och gutt fir Veranstaltungen an der Schoul oder an der Firma.

Good Idea : Einfach Thema an Datum online wielen an d'Partykëscht bestellen! Ëm de Rescht këmmert sech d'Equipe vun "Party in a box".
"Party in a box" schafft verstäerkt mat ökologeschen an nohaltege Materialien. Déi meescht Produite sinn FSC oder Fair Trade zertifizéiert.
Am eegenen Online-Shop (Franséisch, Däitsch, Englesch) fannt Dir ënner anerem och Kaddos-an Dekoratiounsartikelen.

Party in a box




 +352 621 360 356

 Partyinabox.lu@gmail.com
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché