16 Jun 2014

Ugesote Produiten an ale Gemaier

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hei erlieft der Geschicht (en) live! Bei “Stitch Luxembourg”- engem nach relativ jonke Spross an der Lëtzebuerger Shopping-Landschaft – kënnt Der an 1000 Joer Lëtzebuerger Geschicht ënnerdauchen. Iwwer eng schmuel Trap geet et erof, ëmmer laanscht de kille Fiels.

Eng eenzegaarteg Ambiance fir eenzegaarteg Produiten: Bei “Stitch” ginn et just Marken, déi eppes ze erzielen hunn, ebe Marke mat Geschicht! “Deus ex Machina” zum Beispill: Ursprénglech goufen ënnert deem Label Motorrieder produzéiert, elo steet e fir Kleeder an Accessoiren, Genre Surf a Rock’n’ Roll. Ënnert der Mark “Bidules” kreéiert de jonke Student Nicolas vun Arel extrem cool Sonnebrëller -Vintage-Gesteller mat moderne Glieser.

Ausgefale Sneakeren a Schong vun Nike, Adidas, New Balance&Co., Kapen, Mutzen, exklusiv Accessoiren … e Besuch bei “Stitch” ass Erliefnesshopping pur!

Good Idea : Handyfotoen un de Frigo pechen? Kee Problem, well eng raffinéiert Kamera mécht aus Ärer Handysfoto eng echt Polaroid-Foto. Eng super Kaddosiddi!
Bei "Stitch" kritt Der zum Beispill och Produite vum Lëtzebuerger Label "Sentinel City".

Stitch Luxembourg


4, Grand Rue
L-1660 Luxembourg

 +352 27 99 89 89

 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché