31 Oct 2013

Velvet

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

En alternativ ugehauchtent Shoppingerliefnes bitt Iech neierdéngs d’Boutique “Velvet” an der Stad. Déi zwou Proprietärinne Julie a Pola Gretsch hu vill spannend Impressioune vun hire Reesen op Berlin a London matbruecht an doheem zu Lëtzebuerg hir gemittlech Boutique mat villen ausgefalene Kleedungsstécker an Accessoiren equipéiert. Ausserdeem kënnt Der iwwerall kuriéis Deko-Elementer entdecken.

Sou eenheetlech de Moudestil vu Velvet ass, sou verschidde sinn awer d’Marken, déi hei ugebuede ginn: Si stamen ënner anerem aus Australien, Holland an England. Bellfield, Prim I am, Evil Twin, Rules by Mary oder déi markant Schong vun Dr Martens – d’Julie an d’Pola Gretsch kënnen Äre Kleederschaf garantéiert oppeppen! Vill Marke kënnt Dir zu Lëtzebuerg iwwregens nëmme bei Velvet fannen.

Good Idea : Besicht déi zwee Shopping-Begeeschtert an hirer reegelrechter Minn fir ausgefale Moud!

Velvet


12, rue Notre Dame
L-2240 Luxembourg

 +352 621 278 749

 Velvet.lu@yahoo.de
 
 Méindes vun 12 bis 18.30 Auer. Denschdes bis freides vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché