30 Jun 2014

Wiesselt Äre Stil mat Adélaïde!

vun Adélaïde | 1 commentaire Ech sinn de CommerçantUpdate

Ass et un der Zäit, fir de Stil ze wiesselen? Hutt Der es sat, ëmmer an deemselwechte Gezei erëmzelafen? Ee Gléck, dass et d’Adélaïde Dubucq gëtt, Stil-Spezialistin a Moudeberoderin. Onofhängeg vun Alter an Typ garantéiert dem Adélaïde seng professionell Hëllef Iech en “Relooking”, dee bei Iech passt an Iech e selbstséchert Optriede gëtt.

Wahrscheinlech ass an Ärem Kleederschaf schonn allerlee ze fanenn… do kann et schonn duergoen, einfach mol den Inventaire vun deene Kleedungsstécker ze maachen, déi Dir schonn hutt an déi dann nei ze kombinéieren. D’Adélaïde kënnt gär bei Iech heem, hëlleft Iech bei der Bestandsopnam an dem Zortéiere vun Ärer Garderob a gëtt Iech wäertvoll Tuyauen.

Wa wichteg Deeler feelen, geet et duerno op Shoppingtour. Loosst Iech iwwerraschen, wat Dir mam Adélaïde Dubucq senger Hëllef alles aus Iech maache kënnt!

Good Idea : D'Adélaïde hëlleft Iech beim Zortéiere vun Ärer Garderob a gëtt Iech wäertvoll Tuyauen.

relooKing & Queen




 +352 621 340 230

 adelaidedubucq@gmail.com
 
 Op Rendez-vous.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 3 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
1 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

  • Floriane: 2015-04-20 20:17:45
    Vraiment une journée très agréable passée avec Adelaïde, elle a été d'excellents conseils (les tenues que nous avons choisies sont utilisées à 100% !).
    Depuis je conseille à toutes mes amies de tenter l'expérience :-D
Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

  • Claudine: 2014-02-24 11:48:27
    D'Madame Dubucq huet mäin Kleederschaf anstänneg geraumt an si huet mir ganz gudd Iddien gin di genau bei mäin Type passen. Si bréngt et net nëmmen färdeg aus enger trister eng peppëg Garderobe ze maachen mee mat hir fillt een sech och vill méi selbstbewosst.

    "A recommander chaudement" :-)

    Claudine
Kommentéieren

*obligatoresch

  • Ornella: 2015-02-18 15:35:46
    Endlech eng nei coupe an en neie Maquillage.
    War ganz zefridden mat den Tuyauen.
    Merci Adelaïde



Besicht de Grand-Duché