De Paräisser Moudelabel „Zadig & Voltaire“ ass schonn zënter enger Zäitchen zu Lëtzebuerg vertrueden, ass awer elo an e Geschäftslokal geplënnert, dat e gutt Stéck méi grouss ass, a konnt säi Sortiment ëm en etleches erweideren. An engem frëndlechen, hellen Ëmfeld bitt d’Geschäft um Rez-de-chaussée e breet Sortiment fir Dammen, an um éischte Stack (ganz nei!) Moud fir Hären a Kanner.
Nieft Gezei fannt Der bei Zadig & Voltaire och Accessoirë wéi Rimmer, extravagant Poschen, Hitt a Schung – Paräisser Chic duerch an duerch. Bekannt ass déi franséisch Mark iwwregens och fir hir héichwäerteg Cashmere-Wueren.






Méindes bis samschdes vun 9.30 bis 18.30 Auer. 

