12 Apr 2017

Zréck zu Lëtzebuerger Wuerzelen: Dior

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Et ass ee vun de groussen Nimm aus der Moud an elo och an de Stroosse vun der Stad ze liesen: Dior! Déi franséisch Prêt-à-porter-Mark huet do hiert éischt Geschäft fir Dammemoud am Grand-Duché opgemaach. An der Philippesgaasss kënnt d’Dior-Boutique zwar e bësse méi diskret dohier wéi an der Maison- mère an der Paräisser Avenue Montaigne, mee et ass trotzdeem e klenge Bijou.

Ganz am Dior-Stil ginn déi neist Kollektioune luxuriéis a raffinéiert an Zeen gesat. Gro a wäiss sinn déi Farwen, déi dominéieren, si bilden den dezente Kader fir moudesch Highlighter vu Kleedung iwwer Poschen bis zu diversen Accessoiren.

D’Präsenz vun Dior zu Lëtzebuerg integréiert sech duerchaus an eng traditionell Bezéiung zum Grand-Duché : Zënter 1949 gi reegelméisseg Deeler vun der Kollektioun op den Numm “Luxembourg” gedeeft. Den Amateure vun der Haute-Couture gefält d’Präsenz vun Dior zu Lëtzebuerg bestëmmt … Moudegeschicht fir unzepaken!

Good Idea : D'Madame vu Welt fënnt hei Moud vu Welt.

Christian Dior Couture Luxembourg


15, rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 +352 28 85 58 99

 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché