29 Aug 2012

Maroquinerie du Passage

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Zënter 1931 deelt d'”Maroquinerie du Passage” mat villen zefriddene Clienten d’Begeeschterung fir Lieder a Liederwueren. Héich Qualitéit an Trendorientéierung gehéiere vun Ufank un zu de Prioritéite vun der Famill, déi d’Geschäft elo schonn an der drëtter Generatioun geréiert.

1940 war e ganz besonnescht Joer: Deemools krut d’Maroquinerie du Passage vum Maréchal de la Cour den Titel “Fournisseur de la Cour”, deen och haut nach gëllt. “Dat ass eng grouss Éier, eng Unerkennung vun eisem Engagement an Ausdrock vun deem Vertrauen, dat den Haff eis an all deene Joren entgéint bruecht huet. D’Grande-Duchesse ass bei eis komm, fir déi verschidde Schoulsäck ze kafen. Sou konnte mer och d’Entwécklung vun de Prënzekanner matverfollegen”, war de Kommentar vum Proprietaire Marc Muller.

Fir Äert ganz perséinlecht “Royal Shopping” fannt Dir an der Maroquinerie passend fir d’Rentrée Schoulsäck, Attaché-casen, Mappe fir op d’Aarbecht a Wallisse fir op d’Rees. E weidert Geschäft vun der Maroquinerie du Passage fannt Dir am Akafszenter Auchan um Kierchbierg a geschwënn och zu Bartreng an der Belle Etoile.

Good Idea : Eng grouss Auswiel u Qualitéitsartikelen zum beschte Präis, garantéierte Service um Client a frëndlecht, hëllefsbereet Personal: Häerzlech wëllkomm bei der Maroquinerie du Passage!

Maroquinerie du Passage


32, Rue Philippe II
L-2340 Luxembourg

 +352 22 54 81
 +352 46 75 08

 
 Méindes vun 12 bis 18 Auer. Denschdes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché