Dee klenge Schongbuttek Michele Muzo, deen dir ganz am Ufank vun der Groussgaass an der Stad fannt, verkeeft nëmme Luxusschong vun der italienescher Mark Nando Muzi.
Dës Schong ginn nach handgemaach an dat vun engem richtege Familljebetrib. Och Posche fannt dir an der Kollektioun Nando Muzi. D’Equipe vum Geschäft schwätz mat Iech lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch an esou guer italienesch. Ee klenge Café servéieren si Iech gären.