30 Dec 2011

Rue de la Paix – Smets

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

“Rue de la Paix” ass an der Groussgaass an der Stad. Fir dass Dir net duerchernee gitt: De Smets-Grupp huet ënnert dësem interessanten Numm e richtegen Trend-Tempel opgemaach. Do fënnt een eng Kombinatioun vun den dräi Kategorië Moud, Bijouen a Kosmetik, bäi där d’Fraenhaërzer méi héich schloen. Vill jonk Designer hunn hir Spuren hannerlooss. Am Geschäft fannt Dir eng grouss Auswiel u modernen Jeans, verspilltene Shirten, Kleeder, Pumps a Schalen – dacks aus limitéierte Kollektiounen. “Rue de la Paix” bitt Iech Moud an Accessoirë vu Balenciaga, Gianvito Rossi, Burberry Prorsum an aneren un; Bijouen ë.a. vu Rosantica an Aurélie Biedermann wéi och Kosmetikproduite vu Kiehl’s, Dyptique, Laura Mercier an anere Marquen. Gitt op Entdeckungsrees an dësem neie Concept Store!

Good Idea : Service a Berodung gi bei "Rue de la Paix" grouss geschriwwen. Ganz entspaantenen "personal shopping" gëtt et op Reservatioun!

Rue de la Paix - Smets


50, Grand-Rue
L-1660 Luxembourg

 31 07 71 42 1

 
 Vun méindes bis samschdes vun 10.00 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 4 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché