05 Jun 2015

Héichwäerteg Schong fir kleng Maisercher

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Iergendwann ass et un der Zäit fir déi éischt richteg Schrëtt dobaussen ze maachen.  Da bleiwen d’Anti-Rutsch-Strëmp doheem an den Nowuess brauch “richteg” Schong an déi kënnt Der bei MintMouse fannen.

D’Schong vum Lëtzebuerger Onlineshop stamen aus enger Schongmanufaktur a Polen. All Schong gëtt mat vill Léift op der Hand hiergestallt, dovun huet sech d’Angelique Supka perséinlech op der Plaz iwwerzeegt. D’Lieder gëtt mat planzleche Faarwe gefierft an de gesamte Produktiounsprozess sou natierlech wéi méiglech gestalt. Sou entsti Qualitéitsschong, déi gutt fir d’Féiss vun deene Klenge sinn an ausserdeem nach super ausgesinn!

MintMouse bitt awer och nach vill aner spannend Saachen un: z.B. Textilie fir doheem aus Bambus. Déi sinn am Verglach mam Kotteng 60% méi saugfäheg a bleiwen och ëmmer schéin duuss. Test d’Produite live beim Angelique doheem (zu Riedgen, nëmmen 8 Minutte vum “ZigZag” an “The Little Gym” ewech) oder trefft MintMouse op speziellen Evenementer. D’Datumen dofir fannt Dir op Facebook.

Good Idea : Dës handgemaachte Kannerschong si wierklech eng Seelenheet an op hir Fassong eenzegaarteg a ganz Europa.
MintMouse bitt mat Planzefaarwe gefierfte Schong a Produiten aus ökologeschem Bambus un.
De Versand ass gratis fir Lëtzebuerg fir e Bestellwäert vu 50€ un, fir d'Nopeschlänner vun 80€ un.

MintMouse


29, rue de Luxembourg
L-3392 Roetgen

 +352 691 540 164

 as@mintmouse.lu
 
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché