02 Aug 2015

Innovatioun op Schratt an Tratt: Portugisesch Schong

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Wann de Pedro vu senge Reesen aus Nordportugal erëmkënnt, huet hie meeschtens nei Wuer fir säi Geschäft am Gepäck. Zesumme mat senger Fra Vera geréiert hien zu Esch-Uelzecht den “Norte Store”, e Schonggeschäft fir Dammen an Hären.

Am Sortiment fënnt een d’Marken “DKODE”, “Nobrand”, an och Schong, déi ënnert dem Label “Norte Store” verkaaft ginn an déi aus verschiddene klenge Betriber aus Nordportugal kommen. D’Schongproduktioun vu Portugal huet sech an deene leschte Jore gemausert… vill Handaarbecht a raffinéiert Detailer bei engem gudde Präis-Leeschtungs-Verhältnis maache portugisesch Schong zu enger richteger “Good Idea”.

An den Norte Store bréngt se op Lëtzebuerg! Klassesch Modeller mat modernen Elementer, wéi zum Beispill enger markanter wäisser Suel, absolut gëeegent fir all Dag, treffen op richteg “Hingucker”. D’Summerschong fir d’Häre sinn dank dem perforéierte Lieder wéi gemaach fir d’Sonn an héich Temperaturen. Raffinéiert Detailer: Talleken aus Holz oder Kork!

Sou innovativ wéi d’Produite presentéiert sech och d’Geschäft insgesamt… De Logo weist iwwregens a stiliséierter Form eng Kaart vun Nordportugal.

Good Idea : Ëmmer nees bitt den Norte Store am Kader vun engem Popup-Store Plaz fir Produite vu Lëtzebuerger Kreativen. Reegelméissegen Update fannt Dir op der Facebook Säit vum Geschäft.
Dir kënnt d'Schong och online am Norte Onlineshop bestellen. Bezuelt via PayPal. Zu Lëtzebuerg gëtt gratis geliwwert.
Am Norte Store kritt Dir Poschen a Këssen, déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Ausserdeem geschwënn ze kréien: Bijoue vun der Lëtzebuergerin Rina Oliveira.

Norte Store


8, rue du X Septembre
L-4320 Esch-sur-Alzette

 +352 691 660 606

 info@nortestore.com
 
 Denschdes bis samschdes vun 9.30 bis 12.30 a vun 13.30 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché