07 Nov 2014

Och Är Schong däerfen sech schéi maachen!

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Jidder Moie sicht d’Madame vu Welt hiren Outfit fir den Dag eraus: Kleeder, Bijoue, passend Schong. Feelt nach eppes?! Dee leschte Schlëff gëtt et bestëmmt eréischt mat de klenge Bijouen, déi “Alzanga” ubitt. Net fir Iech selwer, mee fir Är Schong.

Domat ass en individuelle Look garantéiert! Mol rockeg, mol elegant, mol originell: Dekoréiert Är Stiwwelen a  Bottinne mat de raffinéierte Kette vun “Alzanga”. Wielt Äert Liiblingsmaterial eraus, de Choix beim Verschaffen dovun ass grouss. Do misst fir all Goût eppes dobäi sinn. An et kann een sech déi Accessoiren och leeschten, well et gëtt se scho vun 20 Euro un.

Zu Lëtzebuerg kritt Dir Alzanga-Produiten ë.a. bei Spazio Moda an der Stad, bei RV an der City Concorde, am Pall Center zu Uewerpallen an am Knauf Center am Pommerlach. Et gëtt also kee Grond méi, “plakeg” Schong unzedoen.

Good Idea : Good Idea: An enger schicker Velours-Posch verpaakt gëtt et d'Schong-Bijoue scho vun 20 Euro un.
D'Liwwerung ass gratis iwwerall op der Welt. D'Wuer gëtt 24 Stonnen nom Paiement verschéckt.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché