19 May 2015

Tipps vun de Profie fir jonk (an eeler) Skater

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Hutt Dir Iech och scho mol gefrot, wou op munch Bänken, Gelänneren a Mauere sou komesch Schläifspuren hierkommen?! Mir sinn an d’Häerz vun der Lëtzebuerger Skaterzeen virgedrongen a sinn am “Olliewood Skateshop” an der Stad net nëmme begeeschterte Verkeefer begéint. Den Dan, de Vampy, den Yves an de Yannick kennen natierlech déi lëtzebuergesch Skate-Hotspotten, mee si wëssen och allerlee iwwer déi lescht Skateproduiten a passend Accessoiren.

Um Ufank vun hirer Skatecarrière sinn déi meescht (jonk) Clienten op den Design vun hirem Board fixéiert. Kee Wonner also, wann d’Mauere vum Olliewood Skateshop de Charme vun enger Streetart-Galerie hunn. Den Dan a seng Equipe wëssen awer aus Erfarung, dass ee mat coolem Design op der Pist héchstens de Schéinheetspräis gewënnt. Dofir beroden si hir Clienten an allen techneschen Detailer vun de Skateboarden a Longboarden: Vun der passender Breet vum Deck (also dem rengen “Briet”, déi ë.a. vun Element, Polar a Plan B ze kréie sinn) iwwer d’Oplag fir de richtege Gripp vun de Schong, bis bei déi passend Achsen, Kugellageren a Rieder.

Fir am Skatepark oder op der Strooss och moudesch gutt ënnerwee ze sinn, huet Olliewood eng grouss Auswiel u Schong (Vans, Nike SB, DC Shoes, …) a Gezei (Krew, Element, Volcom,…) unzebidden. En neie Geschäft gitt et lo zu Esch-Uelzecht, 51 rue Dicks. A wéini schwéngt Dir Iech op d’Board?

Good Idea : Hei beroden Iech absolut Skateprofien an Insider vun der Lëtzebuerger Skatezeen, déi Iech hëllefen, Äert eegent Board richteg zesummenzestellen.
Bei Olliewood kritt Dir och Produite vum Lëtzebuerger Moudelabel "Sentinel City".

Olliewood Skateshop


19, rue des Capucins
L-1313 Luxembourg

 +352 46 62 28

 olliewood.skateshop@gmail.com
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché