25 Oct 2013

Vincent Verlaine

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Luxuriéis Schong an engem nobelen Ëmfeld: Bal direkt beim Palais an der Stad huet d’Schonghaus “Vincent Verlaine” aus der Belsch eng Filial opgemaach. Dräi Generatiounen Erfarung a Saachen Häreschong hunn hir Spuren an der Kollektioun hannerlooss.

Bei “Vincent Verlaine” fënnt een héichwäerteg Schong ë.a. vun de Marke JM Weston, Edward Green, Heschung a Santoni fir all Geleeënheeten. Dobäi gëtt et nach verschidden Accessoiren – an dat alles an engem modernen an extrem frëndleche Kader.

Good Idea : Am Buttek schafft e professionelle Schongbotzer, dee mécht, dass och déi Schong, déi Dir schonn unhat,  wéi nei ausgesinn! Dir kënnt se do ofginn oder se direkt op der Plaz "um Fouss" botze loossen.

Vincent Verlaine


15, rue du Marché-aux-herbes
L-1728 Luxembourg

 +352 27 76 78 74

 stephanie@vincentverlaine.lu
 
 Méindes bis samschdes vun 10 bis 18.30 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché