23 Jan 2014

Zéiwestrëmp vun Knitido

vun Ralph | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Ech verkafen op Bestellung nodeems ee mech kontaktéiert huet. Mä ech kommen och gären op Rendez-vous bei Iech heem fir Iech, an aneren Interesséierten, se all ze weisen. Sou weit et méiglech ass liwweren ech entweder iwwert de Post-wee oder awer och perséinlech d’ Strëmp aus.

Ech hunn Kotteng, Seid, Bambus, Coolmax, Merino woll Strëmp an nach eng ganz Serie vu Sports Strëmp. Zéiwestrëmp ginn dem Fouss méi Plaatz am Schung, halen Zéiwe méi laang dreschen. Se halen och méi laang waarm an hemmen d’Schweess Bildung zwëschen den Zéiwen. Dat ganzt Kierpergewiicht get besser verdeelt vum Fouss, well d’Zéiwen net méi zesumme gedréckt gi, mä lo besser Plaatz hunn a am Schung ganz optrëppele kënnen.

Basis Gréisste si 35-38, 39-42, 43-46 mä ech hunn och Kannergréissten 29-31, 32-34. Iwwergréisste leider just mat 2 Modeller 47-50.

Good Idea : Héichwäerteg Zéiwestrëmp mat ageschafftener Feescht a verschidde Gréissten. Fir doheem,op der Aarbecht a beim Sport.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 1 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché