Patricia Negri

Patricia Negri 2

Wat bedeit d’Schueberfouer fir Iech perséinlech?

Freed, Laachen – also einfach vill Spaass!

Wéi laang schafft Der schonn op der Schueberfouer a wat genee ass Är Aufgab?

Zënter 6 Joer betreien ech de Chalet op der Schueberfouer a verkafe Souvenire fir de Verband vun de Forainen. Den Erléis ass fir d’Stëftung „Kriibskrank Kanner“. (Wie wird Erlös augeteilt?)

Wat ass déi gréisst Erausfuerderung an Ärem Aarbechtsberäich?

Eis Aktioun zu Gonschte vu kriibskranke Kanner huet an der Tëschenzäit en héije Bekanntheetsgrad erreecht. Duerfir erliewen ech et ëmmer erëm, datt d’Leit bei mech op de Stand kommen an iwwer dat Thema wëlle schwätzen. Dat ass net ëmmer ganz einfach. Ech lauschteren hinnen awer gär no, well bei aller Freed op der Schueberfouer sollt een net vergiessen, datt d’Liewen net ëmmer faarweg a lëschteg ass.

Kënnt Der Iech u besonnesch schéin oder och kuriéis Erliefnesser erënneren?

Ech kennen an der Tëschenzäit vill Leit, quasi Stammgäscht vun der Schueberfouer. Ee vun hinne kënnt Joer fir Joer bal all Dag. Bei mir keeft en ëmmer Souvenire vun der Fouer. En huet bestëmmt doheem déi komplettst Fouer-Sammlung, déi ee sech ka virstellen. Heiansdo hunn ech och näischt Neies méi, fir him ze verkafen.

Wéi gesäit Ärer Meenung no de perfekten Dag op der Schueberfouer aus?

Wann d’Sonn schéngt an d’Leit gutt gelaunt sinn, da mécht et natierlech am meeschte Spaass! E gudden Dag, fir ze kommen, ass deen, wou d’Spiller den hallwe Präis kaschten. Do sinn zwar ëmmer vill Leit do, ma et spuert een awer och Suen. A bei de ville Séissegkeeten ass sécher och ëmmer eppes derbäi, wat engem sou richteg gutt schmaacht.




Besicht de Grand-Duché