• Good Idea
  • Gewannt e Weekend zu Lëtzebuerg a “Luxembourg City Packages”!

Gewannt e Weekend zu Lëtzebuerg a “Luxembourg City Packages”!

Luxembourg City Quiz 2014

Beim Luxembourg City Quiz op Goodidea.lu an Zesummenaarbecht mam Stater Geschäftsverband, der Stad Lëtzebuerg, dem Luxembourg City Tourist Office an der Associatioun vun de Foraine kënnt Dir e Weekend fir zwou Persounen zu Lëtzebuerg am Wäert vun 1.000 Euro oder ee vu 45 “Luxembourg City Packages” gewannen.

Am Package sinn dës Leeschtungen dran:

  • Gitt an der Stad akafen a loosst Iech vum Stater Geschäftsverband 30 Euro erëmginn. Als Orientéierung gëtt et e „Cityshopping Guide“.
  • De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an der Stad offréiert Iech eng “City Promenade” mat engem Guide am Wäert vun 9 Euro.
  • Op der Schueberfouer kritt Dir vun der Associatioun vun de Forainen e Schueberfouer-Carnet mat Billjeeë fir Spiller am Wäert vun 35 Euro.

 

D’genee Beschreiwung vun de Packagen an déi rechtsverbindlech Modalitéite fannt Dir an de Spillconditiounen.




Besicht de Grand-Duché