26 Oct 2015

Loscht op Leckeres – Epicerien zu Lëtzebuerg

vun Good Idea | Kommentéieren

De Summer ass scho laang eriwwer, de gëllenen Oktober war kuerz a lo och nach geschwënn November-Driibsegkeet? Kee Grond fir eng schlecht Stëmmung, well elo ass déi perfekt Zäit, d’Laun mat e bësse Pleséier fir de Gomm opzepeppen! Chrëschtdag ass net méi allze wäit a firwat dann net scho mol dat eent oder anert Rezept fir déi Zäit ausprobéieren?

Et kann och roueg mol méi exotesch sinn, well d’Offer u gudden Epicerien ass hei zu Lëtzebuerg aussergewéinlech grouss! Do gitt Der kompetent beroden a kritt, wann néideg, och nach gutt Rezepter derbäi. Wéi wier et mat engem “Chapon mat Mango-Gewierz-Fëllung”? Hei e Rezept (fir 6 Persounen) vun “L’épicerie” an der Stad.

Ingredienten:

(1KL = 1 Kaffisläffel; 1 ZL = 1 Zoppeläffel)

  • 1 Chapon (ronn 2 Kg)

 

Fëllung:

  • 1 Mango
  • 5 Tranchë Liefkuch
  • 1 Chapons-Liewer
  • Olivenueleg
  • Fleur de sel mat Zitroun
  • wäisse Peffer
  • 1KL Ingwer
  • 60g geschielte Mandelen

 

Marinad:

  • 4 ZL Olivenueleg
  • 2 ZL Sojazooss
  • 3 ZL Agavësirop
  • 1 ZL Cognac
  • wäisse Peffer
  • 1 KL Piment d’Espelette
  • 1 ZL Mélange du Trappeur (Gewierzmëschung)
  • 1 KL Mélange de 5 épices (Gewierzmëschung)
  • 10 cl Waasser

 

Material:

  • feierfest Form, Pinsel, Mixer

 

Préparatioun:

  • Mango schielen
  • Mango, Liefkuch, Liewer, Ingwer, Mandelen, Salz a Peffer an engem Standmixer (Blender) vermëschen
  • D’Mëschung 2 Stonnen am Frigo kalstellen
  • Fir d’Marinad Olivenueleg, Sojazooss, Agavësirop a Cognac mat de Gewierzer a Waasser vermëschen
  • De Schäffchen op 190 Grad virhëtzen
  • Dann de Chapon 1 Stonn a 40 Minutten am Schäffche goe loossen (an der Reegel gëllt: 25 Minutte pro Pond)
  • De Chapon all 15 Minutte mat der Marinad apinselen
  • Zum Schluss de Chapon a Stécker schneiden a mat de Bäilagen zerwéieren

 

Gudden Appetit!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché